Dacks gestallte Froën

…  an Äntwerten

 

  • 1. Wéi kréien ech e Lieserpass fir d’Eschduerfer Bibliothéik?

    Kommt einfach bei eis an der Bibliothéik laanscht a bréngt Är Carte d’identité mat. Oder schreift Iech online an.

    Dir musst net an der Gemeng Esch-Sauer wunne fir e Lieserpass unzefroen.

  • 2. Wat muss ech maache wann ech mäi Lieserpass verluer hunn?

    Sot eis direkt um TEL: 89 97 53  Bescheed fir ze vermeiden datt Äre Lieserpass vun anere Persoune benotzt gëtt. Dir kritt e beim nächste Besuch an der Bibliothéik ersat.

  • 3. Kann ech Medien och Online reservéieren?

    Jo, mat der Nummer vun Ärem Lieserpass an Ärem perséinleche Passwuert ( 5 éischt Buschtawe vum Familljennumm) kommt Dir op Äre Compte a-z.lu

  • 4. Kréien ech Bescheed gesot wa meng reservéiert Medien zu Verfügung stinn?

    Reservéiert Medie gi maximal 4 Wochen an der Bibliothéik fir Iech zréckgeluegt. Denkt bei Äerem nächste Besuch an der Bibliothéik drunn, fir duerno ze froen.

  • 5. Kann ech mat mengem Lieserpass och an anere Bibliothéiken déi mam bibnet verbonne si Medien ausléinen?

    Jo. Dir musst just Äre Lieserpass weisen.

  • 6. Kann ech Medien aus enger anerer Bibliothéik a „meng“ Bibliothéik bestellen?

    Dëst ass aus organisatoresche Grënn leider (nach) net méiglech.

  • 7. Kann ech Medien aus anere Bibliothéiken a „menger“ Bibliothéik zréckginn?

    Dëst ass aus organisatoresche Grënn leider (nach) net méiglech.

  • 8. Wéi laang däerfe wéivill Medien ausgeléint ginn?

    All Lieser kann, an engem Zäitraum vu 4 Wochen bis zu 6 Medien ausléinen, dovu maximal 2 DVD oder Audio-Bicher

  • 9. Wéi kann ech d’Zäit vum Ausléine vun de Medie verlängeren?

    Eng Verlängerung vun eemol 4 Wochen iwwer TEL 89 97 53  iwwert ass méiglech, wa keng Reservatioun vun engem anere Lieser virläit. Deelt eis dobäi Ären Numm an Är Nummer vum Lieserpass mat. Oder online iwwer a-z.lu . Mat der Nummer vun Ärem Lieserpass an Ärem perséinleche Passwuert (5 éischt Buschtawe vum Familljennumm) kommt Dir op Äre Compte.

  • 10. Wéi kann ech erausfannen, wat fir eng Medien ech ausgeléint hunn a wéini ech se muss ofginn?

    Dëst as méiglech iwwert den online-Katalog a-z.lu , mat der Nummer vun Ärem Lieserpass an Ärem perséinleche Passwuert (5 éischt Buschtawe vum Familljennumm) kommt Dir op Äre Compte.

  • 11. Wat kascht d’Ausléine vu Bicher, Audio-Biche oder DVD?

    D’Ausléine vun alle Medien ass gratis.

  • 12. Wat geschitt, wann ech vergiesse Medien zréckzebréngen?

    Ab déi zweet Woch nom zweete Rappel gëtt pro Buch (DVD, CD)  pro Woch 1,00 € Strof op Ärem Compte verbucht Reglement art.18 .

  • 13. Wat muss ech maache wann ech e Medium verluer oder futti gemaach hunn?

     » opened= »false »]

    Deelt eis dat bei Ärem nächste Besuch an der Bibliothéik mat. Dir kritt dann d’Méiglechkeet, 4 Woche laang an aller Rou ze sichen. Sollt (Buch, DVD,CD) net erëmzefannen oder zerstéiert sinn, dann ersetzt et duerch e gläichwäertegt (Buch, DVD,CD)

  • 14. Kann ech an der Bibliothéik op engem PC schaffen?

    D’Bibliothéik stellt zwee PC’en fir fräi Benotzung zur Verfügung. Dëst an den Zäite wou d’Bibliothéik op ass.

  • 15. Huelt dir Bicherspenden un an der Eschduerfer Bibliothéik?

    Wouriwwer mir eis freeën:
    ëmmer erëm kréie mir vu Frënn vum Liese Bicher ugebueden. Merci fir des Ënnerstëtzung.

    Wat  mir gären huelen:
    Bestseller, Belletristik oder Krimien, déi net méi al wéi fënnef Joer sinn a Sachbicher déi net méi al wéi dräi Joer si stelle mir mat Freed eise Lieser zur Auswiel, virausgesat si sinn an engem Zoustand an dem Dir selwer se géingt an der Bibliothéik ausléinen.

    Wat Dir sollt wëssen:
    well mir, wéi och beim Akaf vun neie Medien, oppasse wat sech fir eis Bibliothéik eegent, kënne mir, och wann déi genannte Kriterien erfëllt sinn net alles an eis Stellage stellen. Duerfir setze mir viraus, datt Dir dermat averstan sidd wann Ärt geschenktent Buch um Bichermaart verkaaft gëtt.

  • 16. Wéi kann ech déi Eschduerfer Bibliothéik ënnerstëtzen?

    D‘ a.s.b.l. liesen @ lauschteren freet sech iwwert jidder aktive Member am Komitee. Nei Iddie si wëllkomm. Bei der Organisatioun vun eise Manifestatioune brauche mir Mënschen déi eng Hand upaken. Fir eis Kannerliesunge siche mir Leit déi och emol Loscht hunn, de Kanner virzeliesen, dëst a verschiddene Sproochen.

    Als Frënd vun der Eschduerfer Bibliothéik kënnt Dir eis gäre mat engem klenge finanzielle Bäitrag ënnerstëtzen. Äer Spende gi genotzt fir den Akaf vun neie Bicher. D‘Frënn vun der Eschduerfer Bibliothéik däerfe gratis un all eise Manifestatiounen deelhuelen.

    Schreift eis: info@bies.lu

  •