iwwert eis

November 1998 :

Grënnung vun der Eschduerfer Bibliothéik op Initiative vu Stad a Land an der Gemeng Heischent als Leader II Projet mat Ënnerstëtzung vum Kulturministère.

D’Gemeng Heischent huet sech deemools bereet erkläert, soulaang provisoresch Träger vun der Bibliothéik ze bleiwen, bis eng definitiv Léisung fonnt wär.

 

 

iwwert eis 1998

Fréijoer 1999:

d’Bibliothéik Eschduerf mécht hir Diren op.

Déi ronn 3 000 Bicher déi de Public kann ausléinen, sinn zum groussen Deel vum Bicherbus, dem cid-femmes an dem CITIM zur Verfügung gestallt.

 

 

iwwert eis 1999 (Kopie)

November 2005:

fir d’Geschécker vun der Bibliothéik gëtt d’a.s.b.l. liesen@lauschteren  zoustänneg. D‘ Onkäschte vun der Bibliothéik gi gedroe  vu Kulturministère an der Gemeng  ( Heischent, zanter 2011 déi nei Fusiounsgemeng Esch-Sauer ) www.esch-sur-sure.lu/

 

Januar 2007:

d’Bibliothéik Eschduerf ass Matgrënner a gëtt Member vun der Union Luxembourgeoise des Bibliothèques Publics ULBP www.ulbp.lu

 

2008:

d’Raimlechkeete vun der Bibliothéik platzen definitiv aus allen Néit. Déi Verantwortlech vun der Heischter Gemeng décidéieren, den eidele Buttek vum Séi fir d’Bibliothéik zur Verfügung ze stellen.

Dovun ofgesinn, datt do vill méi Plaz fir nei Bicher ass, kënnt  och en zousätzleche Raum derbäi, dee vun de Veräiner aus der Gemeng fir kleng Versammlunge genotzt ka ginn. Reservéiere  kënnt Dir um Telefon 89 97 53 wann d’Bibliothéik op ass oder per EMAIL: info@bies.lu

 

1.Juni 2009:

offiziell  Aweiung vun der neier Bibliothéik. Ronn 10.000 Bicher, zum gréissten Deel Neiuschafungen awer och Don’en vum Kulturministère a vu Privatleit hunn en neit doheem fonnt a waarden drop, vun Iech gelies ze ginn.

 

 

OLYMPUS DIGITAL CAMERA

2011-2012:

an nach eng grouss Ëmstellung fir eng kleng Bibliothéik! Fir de Statut vun enger ëffentlecher Bibliothéik ze kréien hänke mir eis un de gemeinsame Katalog vun den ëffentleche Bibliothéiken www.a-z.lu Dest erlaabt et, ënner anerem, eise Lieserinnen a Lieser  vun elo un och online an eise Regaler ze sichen.

Merci de Mataarbechterinnen a Mataarbechter  vun der Nationalbibliothéik www.bnl.lu fir déi  frëndlecher an intensiv Ënnerstëtzung .

 

 

iwwert eis 2011-2012 (Kopie)

1.September 2012:

Eschduerf kritt de Statut „ëffentlech Bibliothéik“.

 

D’Gäscht vun der Eschduerfer Bibliothéik, déi aus 15 verschiddene Gemengen aus engem Ëmkrees vu bis zu 20 km kommen,  léine pro Joer tëschent 7 000 an 8 000 Bicher aus.

Déi ärdeschste Lieser sinn déi Jéngst ( 4 -12 Joer ) , duerno kommen hir Mammen,…… dann hir Pappen an haaptsächlech an de Vakanzen déi Jugendlech tëschent 14 an 18+ .

Matt  Konferenzen  an Auteureliesungen  mécht  d’Eschduerfer Bibliothéik op sech opmierksam.

Ee grousst Uleies vun der Bibliothéik ass et, deene klengen a jonke Lieser d’Freed um Liesen ze vermëttelen.

 

iwwert eis Uleies (Kopie)

Egal wéi Dir de Wee  bei eis  fannt,  op zu Fouss oder online

häerzlech wëllkomm an der Eschduerfer Bibliothéik.