[

Praktesch Infos

d‘ Aschreiwung an der Bibliothéik Eschduerf ass  gratis                                                                                                                                                                                                                                                                              Aschreiwen däerf sech:

– all Erwuessenen den a Lëtzebuerg wunnt.
– Kanner a Jugendlech ënner 16 Joer musse vun engem Erzéiungsberechtegten ageschriwwe ginn.

Fir Iech anzeschreiwe braucht Dir Är carte d’identité oder e gültege Pass.
All ageschriwwene Lieser/in kritt e Lieserpass mat engem Stréchcode an enger Nummer. Mat dësem Code an Ärem perséinleche Passwuert (5 éischt Buschtawe vun Ärem Familljennumm) hutt Dir d’Méiglechkeet online Bicher, CD an DVD ze reservéieren oder d’Zäit vum ausléinen ze verlängeren. Dëst op der Internetsäit www.a-z.lu.

 

Wéi kann ech mech aschreiwen?

Aschreiwe kënnt Dir Iech an der Bibliothéik zu Eschduerf oder dësen Aschreiwformular (PDF) ausdrécken, ausfëllen an an der Bibliothéik Eschduerf lanscht brengen.


Mat der Aschreiwung hutt Dir d’Recht gratis auszeléinen:

6 Bicher (oder 4 Bicher a maximal 2 DVD oder CD ) fir 4 Wochen.
d’Zäit vum ausléinen däerf eemol fir 4 Woche verlängert ginn.


Bicher déi net zur Zäit zréckbruecht ginn.

Ab der zweeter Woch nom zweete Rappel gëtt pro Buch (DVD, CD) pro Woch 1 € Strof op Ärem Compte verbucht.
aschreiwen kënnt Dir Iech an der Bibliothéik oder online

Règlement d’ordre intérieur

Benutzungsordnung